Den Membersfichier erlaabt et iech selbstänneg an zu all Moment op är aktuell Memberslëscht vum Grupp zouzegräifen an am Fall wou, Ännerungen virzehuelen, ze kucken wou d’Chef aus ärem Grupp mat den Ernennungen a Formatiounen dru sinn, Sekretariatsaarbecht ewéi Etiketten printen ze vereinfachen…
An all Grupp gëtt et nëmmen een Administrator fir de Membersfichier. Dësen Administrator ass berechtegt déi perséinlech Donnéeë vun all Member aus sengem Grupp ze gesinn an ze änneren. Verschidde Felder, wéi d’Gültegkeet vun der Ernennung kann den Administrator vum Grupp gesinn, awer net änneren.
De Membersfichier vum Grupp kann, mä muss awer net vum Gruppechef selwer geréiert ginn. De Gruppechef decidéiert wien den Administrator vun sengem Grupp ass.
Et kann awer och an all Branche vun engem Group ee Chef e Login matufroën. Dëse kann dann och all d’Informatioune gesinn, kann awer naischt änneren.
Den Zougang op de Membersfichier muss all Joer nei ugefrot ginn (hei).
Heimat engagéieren ech mech:
Am Fall vun engem Abus gëtt de Konto direkt gespaart !